Kultur

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
00:00
00:00

Resumen del episodio

Lëtzebuerg vun haut, vu gëschter a vu muer, sinn d'Sujete vun den mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechente Wierker. Am éischten Deel vun der Literaturemissioun hunn d‘Valerija Berdi an de Michel Delage mam Co-Auteur vum Gewënnerbuch an der Kategorie Literatur „Angstvoll und leicht sehnsüchtig“, dem Luc François geschwat, grad wéi mat sengem Editeur, dem Ian De Toffoli vun Editions Hydre. Un dësem Buch hunn nach dräi weider Schreftstellerinne geschafft: Emma Braslavsky, Anja Kümmel an de Bejamin von Wyl aus Däitschland an der Schwäiz E Projet vum Samuel Hamen fir enger Stëmm aus Lëtzebuerg an dräi Stëmmen aus dem Ausland e literaresche Bléck op eng fiktiv Zukunft vu Lëtzebuerg ze erméiglechen. Wéi ass et zu dëse, Wierk komm, wa di weider Projete vum Luc François an wéi steet et ëm d‘Literatur aus Lëtzebuerg aus der Perspektiv vum Ian De Toffoli, dem Vize-President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.

Episodios

5984-

Luc François an Ian De Toffoli am Gespréich

24 nov. 2026
5983-

Eng lieweg Duerstellung vum 12. Joerhonnert am Lëtzebuerg City Museum

“Fundatio” ass den Titel vun enger Ausstellung, déi dir, momentan a bis den eelefte Juli dat anert Joer, am Lëtzebuerg City Museum entdecke kënnt. Oder vläicht sollt? Et geet näämlech ëm d’Joer 1123, an dat war decisiv fir d’Entwécklung vun der Grofschaft vu Lëtzebuerg. D’Kerstin Thalau huet mam Historiker Michel Margue ënnert anerem iwwert d’Aktualitéit vum Sujet, a mam Guy Thewes, Direkter vun den zwee Stater Muséeën, iwwert di museal Ëmsetzung dovunner geschwat.

24 nov. 2026
5982-

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.

24 nov. 2026
5981-

"Les crapauds fous" vun der Mélody Mourey

Am Bar vum TOL leeft den Ament "Les crapauds fous", ee Stéck vun der Mélody Mourey, dat vun der TOL-Intendantin Véronique Fauconnet inzenéiert gëtt an eng onerfuerscht Geschicht vu Widderstand am Zweete Weltkrich erzielt. De Jeff Schinker war d’Stéck de Weekend kucken – a liwwert seng Andréck.

23 nov. 2026
5980-

"Rendre public": Am Gespréich mat der Annick Kieffer

De Projet "Rendre Public" vun der Annick Kieffer beschäftegt sech mat der Bedeitung vu kulturelle Plakater am ëffentleche Raum zu Lëtzebuerg. An ënnersicht déi politesch an ekonomesch Mechanismen, déi bestëmmen, wéi den urbane Raum genotzt a verdeelt gëtt. Dobäi geet et och ëm d’Fro, wéi de Raum méi gerecht tëscht Reklamm a Kultur opgedeelt ka ginn. Fir iwwer dëse Projet ze schwätzen, ass d’Annick Kieffer, Grënnerin a Designdirektesch vu Studio Polenta Invitée beim Emma Hizette.

23 nov. 2026